Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat // D’Lëtzebuerger Regierung

D'Administratioun

Den Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat ass déi zentral Ulafstell fir d'Personalgestioun beim Staat. Si intervenéiert am kompletten Zyklus vun der Personalgestioun, ugefaange bei der éischter Astellung, iwwer d'Berechnung an d'Gestioun vun de Paien a Carrièren vun den aktiven Agenten bis zur Gestioun vun den Dossieren vun deene Leit, déi d'Pensioun hunn oder eng aner Zort vu Pensioun kréien. Nieft sengen Aufgaben am Beräich vun der Personalverwaltung ënnerstëtzt den Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat d'Verwaltungen och bei hire verschiddenen Demarchen a bei Projeten, déi d'Organisatioun, d'Qualitéit vun der Organisatioun an de Prozessmanagement betreffen. Hien ass deem Minister, deen den ëffentlechen Déngscht a sengen Attributiounen huet, ënnerstallt.

Weiderliesen